Wënsch gi Wierklechkeet
Klassescht Buedzëmmer oder privat Wellness-Oas? Sanéiert, moderniséiert oder komplett nei gemaach? Sot eis, wat Dir gär hätt, mir maachen, datt Är Wënsch Wierklechkeet ginn.
Inspiréiere kënnt Dir Iech an eiser grousser Ausstellung BainDouche zu Nidderaanwen. Mat Hëllef vun eisem 3D-Planer kënnt Dir Är Iddie virtuell verwierklechen. Ob et méiglech ass, de fäerdege Plang och ëmzesetzen, gëtt direkt matgekuckt. Esou kritt Dir eng kloer Virstellung dovun, wéi Äert Buedzëmmer herno ausgesäit. An Dir kënnt Iech elo schonn drop freeën.
Ouni Grenzen
Kompetenzen an enger Hand
Méi gewuer ginnFlach gëtt et op béide Säite vun der Musel. D’Mammenhaus vu Flach S.A. ass zu Nidderaanwen, eis Partnerfirma Flach GmbH huet hire Sëtz zu Schweich.
Duerch dës quasi Noperschaft kënne mir ëmmer dann, wann et sënnvoll ass, zesummeschaffen.
Ausserdeem kënne mir op eege Mataarbechter aus ënnerschiddleche Beräicher (Elektriker, Schräiner, Plätterchersleeër, Usträicher, Installateuren) zeréckgräifen. Ressourcen, déi Iech direkt zeguttkommen.
Komplett!
Proppert Handwierk
Méi gewuer ginnNäischt géint schéi Fotoen. Ma ier et esou wäit ass, steet haart Aarbecht um Programm. An eng duerchdueten Ofstëmmung. Bei enger kompletter Sanéierung mussen déi verschidden Aarbechtsschrëtt präzis aneneegräifen.
Flach liwwert Komplettléisungen. Esou sidd Dir sécher, dass de „Projet Buedzëmmer“ féx a gutt koordinéiert ausgefouert gëtt – kee Mënsch brauch onnéidege Stress. Och net duerno. Duerfir passe mir och op Klengegkeeten op; bei eis gëtt alles propper zougepecht. Sou kënnt Dir Äert neit Buedzëmmer genéissen, soubal eis Handwierker fäerdeg sinn. Pur Entspanung!
Online-Planer
Gesinn, wat méiglech ass
Méi gewuer ginnAm Ufank sinn et just Iddien – „et kéint een d’Buedbidden op dës Säit stellen ...“ Ma wéi presentéiert sech alles zesummen? An, wat nach méi wichteg ass: Léisst et sech och an d’Praxis ëmsetzen?
Eisen 3D-Planer gëtt Iech Äntwerten dorop. Mat senger Hëllef kënnt Dir Är Iddie fir Äert Buedzëmmer virtuell duerstellen an da vun eis préiwe loossen, wéi aus dem Plang ka Realitéit ginn. Sou wësst Dir schonn am Viraus, wéi Äert Buedzëmmer eng Kéier ausgesäit. D’Virfreed drop ass also garantéiert!