{ Impressum }

Flach s.a.

49, rue Gabriel Lippmann  ·  L-6947 Niederanven
Tel. +352-269499-1  
info@baindouche.lu

Rechtliche Hinweise:
Geschäftsführer: Günter Späder
Registre de Commerce et des Société - B 96539
Ust-IdNr. LU198 293 01

 

Design und Programmierung:
Werbeagentur zweipunktnull

Vun der Haftung ausgeschloss

Haftung fir de Contenu

De Contenu vun eise Säiten ass gewëssenhaft erstallt ginn. Mir kënnen awer net garantéieren, datt ëmmer alles richteg, vollstänneg an aktuell ass. Als Déngschtleeschter si mir no § 7 Abs.1 TMG (däitscht Telemediegesetz) fir eege Contenuen op dëse Säiten no den allgemenge Gesetzer verantwortlech. No §§ 8 bis 10 TMG si mir als Déngschtleeschter net verflicht, iwwermëttelt oder gespäichert Frieminformatiounen z’iwwerwaachen oder no Ëmstänn ze fuerschen, déi op eng rechtswidreg Aktivitéit hiweisen. D’Verflichtung, Informatiounen ze läschen oder den Zougrëff drop ze spären, wéi allgemeng Gesetzer dat virgesinn, bleift dovun onberéiert. Eng Haftung ass awer eréischt méiglech vun deem Moment un, wou eng konkret Rechtsverletzung bekannt ass. Gi mer vun esou Rechtsverletzunge gewuer, ginn dës Contenuen direkt geläscht.

Haftung fir Linken

Op eise Säite stinn och Linken zu externe Websäite vun Drëttpersounen, op déi mir keen Afloss hunn. Dofir kënne mir fir dës friem Contenuen och keng Garantie iwwerhuelen. Fir de Contenu vun dëse verlinkte Säiten ass ëmmer dee jeeweilegen Ubidder oder Bedreiwer vun de Säite verantwortlech. Déi verlinkt Säite goufen zum Zäitpunkt vun der Verlinkung op méiglech Verstéiss géint Recht a Gesetz iwwerpréift. Rechtswidreg Contenue waren zum Zäitpunkt vun der Verlinkung keng z’erkennen. Eng permanent Kontroll vum Contenu vu verlinkte Säite kann ouni konkret Hiweiser op eng Rechtsverletzung net verlaangt ginn. Gi mer vu Rechtsverletzunge gewuer, ginn déi entspriechend Linken direkt geläscht.

Urheberrecht - Copyright

De Contenu, d’Texter an d’Biller, déi de Bedreiwer vun de Säiten hei verëffentlecht huet, ënnerleien dem däitschen Urheberrecht. Fir dëse Contenu, ganz oder och nëmmen zum Deel, ze kopéieren, ze verschaffen, ze verbreeden oder en op eng Aart a Weis ze verwäerten, deen net konform ass mam Urheberrecht, ass déi ausdrécklech schrëftlech Zoustëmmung vum jeeweilegen Auteur resp. Ersteller néideg. Downloaden a Kopië vun der Websäit sinn nëmme fir de privaten, netkommerzielle Gebrauch erlaabt. Wou de Contenu net vum Bedreiwer selwer erstallt gouf, ginn d’Urheberrechter vun Drëtte respektéiert. Virun allem gëtt Contenu, dee vun Drëttpersounen erstallt gouf, och esou gekennzeechent. Sollt Iech trotzdeem eng Verletzung vum Urheberrecht opfalen, biede mer Iech, eis dat matzedeelen. Gi mir vun esou Rechtsverletzunge gewuer, ginn déi Contenue geläscht.

Dateschutz

Eis Websäite kënnen an der Regel genotzt ginn, ouni datt een Daten zu senger Persoun muss uginn. Daten zur Persoun (beispillsweis Numm, Adress oder E-Mail-Adressen), déi op eise Säite gefrot ginn, gi vun Iech, souwäit méiglech, ëmmer fräiwëlleg zur Verfügung gestallt. Dës Date ginn ouni Äert Averständnis net un Drëtter weidergereecht.

Mir weisen dorop hin, datt et bei der Dateniwwerdroung am Internet (z. B. bei der Kommunikatioun per E-Mail) keng 100%eg Sécherheet gëtt. En absolutte Schutz vun den Date virum Zougrëff duerch Drëttpersounen ass net méiglech.

Et ass Drëttpersounen ausdrécklech ënnersot, Kontaktdaten, déi am Kader vun der Impressumsflicht verëffentlecht ginn, fir d’Verschécke vun net ausdrécklech verlaangte Reklammen an Informatiounsmaterialien ze notzen. De Bedreiwer vun der Websäit behält sech rechtlech Schrëtt vir fir de Fall, datt Reklammen, zum Beispill duerch Spam-Mailen, onopgefuerdert zougeschéckt ginn.

Am Fall vun Onkloerheeten oder Onstëmmegkeeten tëschent der däitscher an der lëtzebuergescher Versioun gëllt deen däitschen Text.