Knowhow An Handwierk

Experte gefrot: Eis Techniker an Energieberoder wëssen, wéi een en Heizsystem esou konzipéiert an installéiert, datt et iwwer Joren a Joerzéngten einfach fonctionnéiert.

Kundendienst, Service, BainDouche
Fußbodenheizung, Verlegung, Anlagenmechaniker
Fußbodenheizung, Verlegung, Anlagenmechaniker
Heizraum, Anlagenmechaniker

Gepréift A Fir Gutt Befonnt

Qualitéit ass bei eis kee Marketingsverspriechen, ma d’Resultat vu gewëssenhafter Aarbecht – Dag fir Dag. Dofir sti mir mat eisem Numm!

Et Huet Sech
Ausgekesselt!

Déi haideg Masutts- oder Gasheizungen hu vun hire Virleefer just nach den Numm. Si verbrauche manner, schounen d’Ëmwelt a kënnen och déi regenerativ Heiztechnik perfekt ergänzen.

Passivhaus, Moderne Heizung, Inteligente Steuerung
Gas, Buderus, Heizung, Brennwert, Warmwasser
Gas, Buderus, Heizung, Brennwert, Warmwasser
Heizfläche, Vasco, Flachheizkörper, Designheizkörper

Ganz Natierlich

Ob Pellets, Sonnestralen, Äerdwäermt oder eng Kombinatioun aus erneierbaren Energieträger – mir wëssen, wéi mir Äert Haus a punkto Energietechnik fit fir d’Zukunft kënne maachen.

Regenerative Energie, Baum, Sonne, Holz, Biomase
Solar, Haustechnik, Warmwasser, Heizung, Haus
Luft-Wasser-Wärmepumpe, Heizung, regenerative Energie

Gutt waarm muss net gutt deier sinn

Gas oder Wärmepompel? Sonn oder Masutt? Dat ass keng Glawensfro méi. Erneierbar a klassesch Heizsystemer kann ee kombinéieren. Brennwäertkesselen z. B., déi d’Hëtzt vun den Ofgasen dem Heizkreeslaf zouféieren, liwweren e Maximum un Energieeffizienz.

Eis zertifizéiert Energieberoder fannen dee Mix, deen op Är Ufuerderungen a Wënsch zougeschnidden ass. Dat geet bis hin zur Passivhaustechnik. Souguer a Saache Blockheizkraaftwierk si mir dee richtegen Uspriechpartner. D’Mikrotechnik mécht et méiglech, datt net nëmme grouss Betriber, ma och Hausbesëtzer vun der Kraaft-Wäermt-Kopplung profitéieren.

Ausserdeem maache mir eis och Gedanken iwwer d’Waassertechnik. Wousst Dir, datt d’Halschecht vun Ärem Drénkwaasser duerch Reewaasser kann ersat ginn? A last but not least si mir och de Spezialist fir Lëftungs- a Klimatechnik. Keen onwichtegt Thema. Well eng Atmosphär, an där ee sech soll wuelfillen, fänkt bei engem gesonde Raumklima un.

Ästhetesch Kierper

Wäermt, déi gutt ausgesäit

Méi gewuer ginn

D’Heizkierper an d’Heizfläche vum 21. Joerhonnert hu mat de Modeller vu fréier net méi vill gemeinsam. Héich Funktionalitéit – Stéchwuert: Energieeffizienz – an individuellen Design sinn hei gekoppelt. Fannt Är Wonsch-Heizkierper, déi an der Faarf, der Form an der Gréisst perfekt op Ären Interieur ofgestëmmt sinn.

Op Wonsch maache mir se och onsichtbar: Als Spezialist fir Buedemheizunge suergt Flach fir gemiddlech Wäermt, déi Allergiker opootme léisst.

Technik

Knowhow, dee sech rechent

Méi gewuer ginn

Beim Thema Heizung denkt een un Installateuren am Schaffkostüm. U Leit, déi bueren, dübelen a schrauwen. Dat ass déi eng Säit vun eiser Aarbecht: zolidd Handwierk.

Déi aner Säit ass awer net manner wichteg: Fir Flach schaffen zertifizéiert Energieberoder. Fachleit, déi sech am Virfeld Gedanken iwwer Är Heiz-, Lëftungs- a Klimatechnik maachen an déi – am Gespréich mat Iech – eng Léisung entwéckelen, déi fir Iech op Dauer zefriddestellend ass. An zwar well Är Energiekäschten drastesch zeréckginn.

Ouni Grenzen

Kompetenzen an enger Hand

Méi gewuer ginn

Flach gëtt et op béide Säite vun der Musel. D’Mammenhaus vu Flach S.A. ass zu Nidderaanwen, eis Partnerfirma Flach GmbH huet hire Sëtz zu Schweich.

Duerch dës quasi Noperschaft kënne mir ëmmer dann, wann et sënnvoll ass, zesummeschaffen.

Ausserdeem kënne mir op eege Mataarbechter aus ënnerschiddleche Beräicher (Elektriker, Schräiner, Plätterchersleeër, Usträicher, Installateuren) zeréckgräifen. Ressourcen, déi Iech direkt zeguttkommen.

www.flach-schweich.de